Fir op den Appel à projets ze äntweren:
Dir braucht just bis spéitstens de 30. Abrëll 2025 op dësen Link http://www.edulink.lu/amw5 ze klicken an de Formulaire auszefëllen. Sollt Dir weider Froen hunn, zéckt net, eis ze kontaktéieren. Wann Äre Projet ausgewielt gëtt, hutt Dir d’ Méiglechkeet, dësen op engem eegene Stand op der Foire vun der Éducation plurilingue den 18. Juni 2025, ze presentéieren. Wann Dir als Eenzelpersoun ausgewielt gitt, kritt Dir d’ Méiglechkeet fir wärend der Table ronde iwwert Är Erfarungen ze erzielen.
Fir sech unzemellen:
Klickt op dëse Link http://www.edulink.lu/j9dh fir Iech bis de 6. Juni 2025 unzemellen. D’Plaze si limitéiert. Är Umeldung gëtt Iech zu engem spéideren Zäitpunkt per Mail confirméiert. Sollt Dir weider Froen hunn, zéckt net, eis ze kontaktéieren via valerie.kemp@men.lu.